FAQLiwwerungKontakt Wee sinn mir ?GeschichtClient Bewertung ImpressumVerkaafskonditiounenDateschutz
Allgemeng
Sinn eis Wueren garantéiert frësch ?
Jo, well d'Kälteketten bei eiser Wuer net ënnerbrach gëtt. Mir kréien déi frësch Wuer, wéi Fleesch, Fësch, Mëllechprodukter, Uebst an Geméis all Dag frësch vun eisem Liwwerant geliwwert. Déi ginn dann bei eis a Frigoen tëschegelagert bis se mat eisem Killtransporter bei Iech ofgeliwwert ginn.

Am Fall wou Dir net doheem sidd wa mir liwweren, kënnt Dir Är Wuer och an enger Isoléierbox bestellen. Dës Box stelle mir Iech fir eng Kautioun vun 29 € zur Verfügung + 1 € frais d'usure . Opgepasst : dat gëllt net fir déifgekillten Wueren. D'Isoléierbox ass net an der Lag des Wueren frësch ze halen. Eng Präsenz doheem fir des Wueren ze empfänken ass noutwendeg. D'Box kënnt Dir bei der nächster Liwwerung erëm ofginn an Dir kritt se bei Ärer nächster Bestellung bei Luxcaddy.lu guttgeschriwwen (oder wa gewënscht zréck bezuelt). Wa mir awer d'Box futti zréck kréien, gëtt d'Kautioun net zeréckbezuelt.

Notéiert w.e.g. dass keng Isoléiertkëscht néideg ass wann Dir bei der Liwwerung doheem sidd, well all eis Liwwerungen an Killcamionetten geliwwert ginn. Opgepasst : Isoléierboxe sinn nëmme verfügbar wann Dir frësch Produkter bestellt.
Wat machen wann mäi gewënschte Produit net op der Lëscht ass?
Et ass verständlech dass mir net all Client zefridde stelle kënnen, well mir eng begrenzte Zuel vu Produiten hunn. Wann Dir awer ee Produit wënscht deen net op eiser Lëscht figuréiert, kënnt Dir eis en E-mail op info@luxcaddy.lu maachen mat der genauer Bezeechnung vum Produit. Mir probéieren dann, zesummen mat eisem Liwwerant, Ärem Wonsch nozekommen.
Als Firma bestellen ?
Fir professionell Client'en proposéieren mir am Moment folgend Servicer :
  • Bestellen op Rechnung (keng Kreditkaart néideg).
  • Eng zousätzlech Email Adress fir d'Comptabilitéit.
  • Monatlëch Rechnung.
  • Automatesch Commanden (z.B. 30 Liter Mëllech all Méinden).
Kontaktéiert w.e.g. eisen Helpdesk wann Dir dës Servicer wëllt aktivéieren loossen.
Eng Commande maachen
Wéi bezuelen ech ?
Visa oder Mastercard
D'Transaktiounen lafen iwwer "Six Payments" ( fréier CETREL ) , ë sécheren an unerkannte System deen Iech viru Risiken schützt an Iech d'Garantie gëtt dass Är Kreditkaartennummer vertraulech behandelt gëtt mat Hëllef vun engem verschlësselte Verfahren ( www.six-payment-services.com )
Eréischt um Dag vun der Liwwerung gëtt deen definitive Betrag ofgebucht. Dir kritt ëmmer nëmmen dat ofgebucht wat Dir effektiv och kritt (Variatiounen am Gewiicht vun engem Produit z.B.).
Ët ass och méiglech Är Kreditkaarten an eisem "One-click" System ze enregistréieren, fir spéider Bezuelungen ze vereinfachen. Liest dofir w.e.g. den nächsten Artikel fir weider Informatiounen zu eisem "One-click" System.

Digicash
Lëtzebuerger Bezuehlsystem per Handy (www.digicash.lu).

Rechnung/Iwwerweisung
Professionellen Client'en bidden mir och d'Méiglechkeet un, op Rechnung ze bezuelen. Wend Iech heifir w.e.g. einfach un eisen Helpdesk.
Wéi funktionéieren "One-click" Bezuelungen ? Ass "One-click" sécher ?
D'Méiglechkeet Är Kreditkaarten fir "One-click" Bezuelungen ze enregistréieren wäert Äert Akafs-Erliefnis op eisem Site däitlech vereinfachen. Sou braucht Dir weder Är Kreditkaart bei Hand ze hunn nach di sëllegen Donnéeën vun der Kaart all Kéiers anzetippen, mee Dir kënnt ganz einfach an sécher mat nëmmen engem Klick bezuelen.

Notéiert dass Är Kreditkaarten net bei eis gespäichert ginn, mee op ultra-securiséierten Serveren vun Worldline Six Payments ( fréier CETREL ), déi reegelméisseg auditéiert ginn, fir eng kontinuéierlech Sécherheet ze garantéieren (PCI DSS zertifizéiert).

Zousätzlech dozou gëtt Är Verbindung mat eiser Websäit komplett verschlësselt.
Gëtt et ee Minimumbetrag bei der Bestellung ?
Jo. Klickt hei fir all d'Detailer iwwert eis Liwwerungen gewuer ze ginn.
Verpackungen an Vidangen
Ongenotzten Verpackungen gin weder geliwwert nach verrechent.
D'Vidangen dei Dir zeréck gid (wann se a guddem Zoustand sin) gin Ierch op Ärem Luxcaddy Konto gutgeschriwwen an dann automatesch bei Ärer nächster Commande oofgerechent.


Vidangéiert Luxcaddy Akaafstut:

Am Sënn vun enger properer Ëmwelt a manner Plastikdreck benotzen mir ons "Luxcaddy Akaafstut" mat Vidange. All Bestellungen gin an Luxcaddy Akaafstuten verpack, falls net aneschtes vum Klient gewënscht.
Eng Kautioun vun 1 €/Tut gëtt dem Client bei Bestellung verrechent. Beim Retour vun dësen Tuten gëtt dem Client dee Betrag vun 1 €/Tut op säi Luxcaddy Konto guttgeschriwen.
Ee Client dee keng nees-verwäertbar Akafstuten kréie wëll ka jidderzäit nees op einfach Plastikstuten ëmschalten(50 Cents/Bestellung).

Isoléierbox:

Am Fall wou Dir net doheem sidd wa mir liwweren, kënnt Dir Är Wuer och an enger Isoléierbox bestellen. Dës Box stelle mir Iech fir eng Kautioun vun 29 € zu Verfügung + 1 € frais d'usure (Opgepasst : dat gëllt net fir déifgekillten Wueren. D'Isoléierbox ass net an der Lag des Wueren frësch ze halen. Eng Präsenz doheem fir des Wueren ze empfänken ass noutwendeg).
D'Box kënnt Dir bei der nächster Liwwerung erëm ofginn an Dir kritt se bei Ärer nächster Bestellung bei Luxcaddy.lu guttgeschriwen (oder wa gewënscht zréck bezuelt).Wa mir awer d'Box futti zréck kréien, oder Kill-Akkuen fehlen, da gëtt d'Kautioun net zeréckbezuelt.

Notéiert w.e.g. dass keng Isoléierkëscht néideg ass wann Dir bei der Liwwerung doheem sidd, well all eis Liwwerungen an Killcamionetten geliwwert ginn.
Opgepasst : Isoléierboxe sinn nëmme verfügbar wann Dir frësch Produkter bestellt.

Faltbar PVC-Këscht :

PVC-Këscht extra fir Uebst a Geméis, fir den optimalen an schounenden Transport vun empfindlechem Uebst an Geméis (fir all Bestellung ab 2kg Uebst). Einfach zesummen ze falen op eng Héicht vun nëmmen 6cm. Dimensiounen : 60x40x20cm
Mir verrechnen eng Kautioun vun 4.50 €/Këscht. Beim Retour vun onser PVC-Këschten kritt dir eng Guttschrëft a Form vun engem Kredit op äre Luxcaddy Konto fir Ären nächsten Akaf.
Ech hun eng Commande gemaach, mee ech hun eppes vergies. Kann ech nach en Artikel dobai setzen ?
Jo et ass méiglech Artikelen ( maximum 5 ! ) bei eng bestehend Bestellung bäizesetzen (bis 22h30 den Owend virun dem Dag vun ärer geplangter Liwwerung). An sou geet et:
  1. Wielt nëmmen är zousätzlech gewënschten Artikel aus a leet se an de Panier (wéi bei enger normaler Bestellung)
  2. Gidd an d'Kees
  3. Wielt einfach d'Optioun "Aktuellen Weenchen bei eng oppen Commande bäisetzen"
D'Gewicht vu verschidden geliwerten Produien ass net ëmmer dat selwescht wéi bei der Bestellung
D'Gewiicht fir bestëmmten geliwwerten frësch Produiten wéi Fleesch, Fësch, Uebst a Geméis kann variéieren an sech liicht vun den Gewiichter vun den bestallten Produiten ënnerscheeden.
Et ass ons net méiglech een definitiivt Gewiicht ze garantéieren. Mir behalen ons d'Recht vir, Produiten mat engem Gewiicht ze liwweren wat vun deenen vun der Websäit kann ofwäichen.
Mir berechnen Iech ëmmer nëmmen de genauen Betrag vun der geliwwerter Wuer, mat Respekt vum definitiven Gewiicht.
Liwwerung
Wéi sinn d'Liwwerzaiten ?
Klickt hei fir all d'Detailer iwwert eis Liwwerungen gewuer ze ginn.
Wivill kascht eng Liwwerung ?
D'Liwwerung ass komplett GRATIS, am ganzen Land.
Bis wéini kann ech bestellen fir meng Commande deen aneren Dag geliwwert ze kréien ?
Dir musst Är Commande bis spéitstens 22.30 Auer opginn fir dee nächsten Dag beliwwert ze ginn.

Klickt hei fir all d'Detailer iwwert eis Liwwerungen gewuer ze ginn.
Firwat si verschidde Liwwerzäiten blockéiert ?
Wa Liwwerzäiten blockéiert sinn, ass déi maximal Zuel vu Liwwerungen fir Luxcaddy.lu erreecht oder et handelt sech em en Congésdag.

Klickt hei fir all d'Detailer iwwert eis Liwwerungen gewuer ze ginn.
Ech wunnen an engem Gebai ouni Lift. Ginn ech awer beliwwert ?
Är Adress get ganz bestëmmt beliwert. Et as awer esou dass mir an engem Gebei ouni Lift nemmen bis op den 2ten Stack kommen. Fir eng Liwerung op engem aneren Stack bieden mir iech onsem Livreur entgéint ze kommen.
Funktiounen vum Site
Wéi eng Akafslëschte erstellen ?
Eisen "Akafslëschten" Tool erlaabt et Iech Är eegen Artikellëschten ze erstellen. ( selon engem Kachrezept z.B. )
Fir en Artikel bei eng Lëscht dobäi ze maachen oder fir eng nei Lëscht ze erstellen, benotzt einfach den "Akaafslëschten"-Knäppchen beim Produit.

Fir Är Lëschten ze verwalten oder fir all d'Produiten vun enger Lëscht an Ären aktuellen Weenchen ze leeën, klickt hei.

Et ass och méiglech en Rappel de commande fir eng Akafslëscht ze programméieren. ( per Email oder SMS )
Wéi léisen ech ee "Bong" an ?
Fir Äre Bong anzeléisen muss Dir ganz einfach den Code vum Bong op der leschter Säit (Bestellkonfirmatioun) vun der Kees aginn.
All Bong kann nëmmen eemol benotzt ginn an ass och nëmmen bis ee limitéierten Datum gülteg. D'Gültegkeet ass um Bong vermierkt.
Ech hun Liewensmëttelallergien, waat maachen ?
All d'Allergènen di an engem Produit enthalen sinn, sinn op der Fiche vun Produit opgelëscht.
Ausserdeem bidden mir Iech och d'Méiglechkeet fir d'Artikelen opgrond vun den enthalenen Allergènen ze filteren. Fir sou en Filter ze aktivéieren musst Der einfach nëmmen den Knäppchen "Artikelfilter" ënnert der Produits-Recherche ze benotzen (nëmmen am Deel "Shop" disponibel).

oder
Klickt hei fir en Filter ze aktivéieren.
Waat ass de "MyShop" Filter ?
Den "MyShop" Filter ëmfaast all déi Produiten déi dir jee bei eis um Site kaf hutt. Matt Hëllef vun der "MyShop" Checkbox bei all Produit ass et awer och méiglech dës manuell bäizesetzen oder erauszehuelen.

Dir musst ageloggt sinn fir dësen Filter benotzen ze kënnen.

Klickt hei fir den Filter ze aktivéieren.
Wéi kann ech vum Parrainage-Programm profitéieren?
Invitéiert Är Frënn an Är Famill op eise Site, gitt Parrain a séchert Iech an Äre Frënn Super Präisser. Et ass ganz einfach. Schéckt Äre Parrains-Code (deen Dir op der Säit "parrainage" an Ärem luxcaddy.lu Kont fannt) un Är Frënn a Famill an invitéiert Sie eisen Service ze benotzen.

Wann Är Frënn oder Famill hiren perséinleche Kont bei luxcaddy.lu opmaachen, kréien Sie direkt ee Bonus vun 5 € bei hirer éischter Bestellung wann Sie Äre Parrains-Code aginn. Sou bal Sie hir éischt Commande gemaach hunn, kritt Dir 10 € op Ärem luxcaddy.lu Kont guttgeschriwwen a bei Ärer nächster Commande ofgehalen, an dat fir all invitéiert Frënn oder Famill bei hirer éischter Commande.